Retour

Nationale Commemoratiounsdag

AdobeStock_Agenda_Event_Commemoratiounsdag_02
19.10.2025
Dimanche
09:30

  • Gemeng Beetebuerg

De Schäfferot vun der Gemeng Beetebuerg huet d’Éier, Iech op den nationale Commemoratiounsdag z’invitéieren.

Zesumme mam CIS Beetebuerg erënnere mir dëst Joer besonnesch un den onermiddlechen Asaz vun de Beetebuerger Pompjeeë wärend de battere Krichsjoren.

Mir vergiessen net. Är Participatioun ass e wichtegt Zeeche vu Respekt an Unerkennung fir eis Affer vun Diktatur a Krich.

Programm

09.00 Auer, Gedenkzeremonie um Kierfecht zu Hunchereng.

09.30 Auer,  Nidderleeë vun enger Gerbe an der Gedenkkapell, duerno Gedenkmass an der Kierch zu Beetebuerg.

10.15 Auer,  Cortège bis bei d’Monument aux Morts beim Parc Jacquinot.

10.30 Auer, Gedenkzeremonie beim Monument aux Morts. Réceptioun.

 

Navette
D’Gemeng organiséiert eng Busnavette vu Hunchereng op Beetebuerg an zréck .

08.45 Auer, Parc Jacquinot* (B) > Kierfecht (H)
09.00 Auer, Kierfecht (H) > Kierch (B)
12.00 Auer, Parc Jacquinot* (B) > Kierfecht (H)
12.45 Auer, Parc Jacquinot* (B) > Kierfecht (H)
*beim klenge Parking