Retour

Beschte Seniore-Quiz am Duerf – 2. Editioun

AdobeStock_Agenda_cinéma-2-MoisSeniors_Quiz
07.10.2025
Mardi
15:00

  • Service à l’Égalité des Chances, Commission des Seniors et de l’Inclusion, Club Aktiv+ deForum

De Club Aktiv Plus „deForum”, an Zesummenaarbecht mam „Service à l’Égalité des Chances” an der „Commission des Seniors et de l’Inclusion”, invitéiert Iech, op déi 2. Editioun vum Beschte Seniore-Quiz am Duerf.

An Ekippe bis zu 4 Leit kënnt Dir Äert Allgemengwëssen an ënnerschiddleche Rubricken ënner Beweis stellen – Spaass a spannend Momenter garantéiert an Är Ekipp kann e flotte Präis gewannen!

Keng Angscht: jidderee kann säin Deel bäi droen, fir dass d’Ekipp Erfolleg huet. Kommt mat – maacht mat – a gewannt mat!

Fir Gedrénks a kleng Schneekegkeete suerge mir natierlech och!

Fräien Entrée | Umeldung bis den 03.10.: deforum@elisabeth.lu, 51 16 06 8001.

Fräien Entrée

Umeldung bis den 03.10.2025

Salle des Fêtes, Château de Bettembourg

13, rue du Château L-3217 Bettembourg