Retour

En Dag am Bongert

AdobeStock_Agenda_EnDagAmBongert
11.10.2025
Samedi
10:00 – 15:00

Erliefnisdag fir Grouss a Kleng am gréisste Bongert vu Lëtzebuerg. Entdeckt dëse räiche Liewensraum, paakt selwer mat un a léiert dobäi Spannendes iwwert d’Natur an eis regional Friichten. Eng flott Geleeënheet fir déi ganz Famill!

Programm
• Viz-Vëlo fir d‘Kanner
• Äppel rafe fir Viz ze maachen
• Viz bestellen (pasteuriséiert)
• Äppel fir jidderee – All Participant kann eng Tut Äppel mat Heem huelen

Bréngt Är Gaardenhändsche mat!

D’Gemeng Beetebuerg offréiert deene LeitLeit, déi eis deen Dag eng Hand mat upaken, e Mëttegiessen mat Dessert a Gedrénks.

D’Entrée ass bei der grousser Paart.

Accès:
De Parking ass beim Fussballsterrain (route de Mondorf). Vun do aus geet et ca. 200 m erop laanscht d’Autobunn a Richtung Fitnessparcours an op der Ofgabelung geet et no lénks. De Wee ass gezeechent.

Bus:
– Linn 550 Arrêt Parc Merveilleux, Café du Stadion.

Velo:

De Bongert Altenhoven ass och bequem mam Velo ze erreechen.

Fräien Entrée

Bongert Altenhoven