Retour

E Schaffdag am Bongert

Schaffdag-am-Bongert
08.11.2024
Vendredi
10:00 – 16:00

Op dësem Schaffdag kënnt Dir eng Hand mat upaken an eis hëllefen de gréisste Bongert vu Lëtzebuerg prett ze maachen fir de Wanter.

Grouss a kleng Aarbechte stinn um Programm:

  • Beem planzen,
  • Dréit flécken,
  • Beem zréckschneiden,
  • Nistkëschte botzen,
  • A villes méi.

Bréngt w.e.g. Händschen a Secateure (kleng a grouss) mat. Et ass och Geschier op der Plaz.

D’Gemeng Beetebuerg offréiert deene Leit e Mëttegiessen mat Dessert a Gedrénks, déi eis deen Dag eng Hand mat upaken.

Entrée bei der grousser Paart:

  • Foussgängerbréck iwwert d’Autobunn (Waassertuerm, rue J.F. Kennedy) an dann hannert der Bréck no riets.
  • Parking beim Fussballsterrain (route de Mondorf), vun do aus ca. 200 m erop Richtung Fitnessparcours, op der Kräizung geet et no lénks.

Mam Bus: 

  • Linn 550 Arrêt Parc Merveilleux, Café du Stadion,
  • Linn 511, 512 Arrêt Peppenger Schleid.

De Bongert Altenhoven ass och bequeem mam Velo ze erreechen.

D‘Umeldung ass obligatoresch: per Telefon 51 80 80 2848 oder per E-mail ecologie@bettembourg.lu bis spéitstens de 25. Oktober 2024.

Fräien Entrée.

Fräien Entrée

Bongert Altenhoven

Wasserturm-Bettemburg, Rue Jean Wolter, 3287 Beetebuerg, Luxembourg