Retour

Inauguration du service d’éducation et d’accueil inclusif Kokopelli

Commune
E Freideg 15. September 2017 war d’Aweiung vun eiser neier inklusiver Betreiungsstruktur mat Bëschcrèche beim Beetebuerger Mäerchepark.

De Buergermeeschter Laurent Zeimet an d’Schäffen Josée Lorsché a Gusty Graas konnten nieft de Memberen aus dem Gemengerot , de Kommissiounen, an dem Verwaltungsrot vun der APEMH vertrueden duerch de President Fernand Haupert,  och den Educatiounsminister Claude Meisch zu dëser sympathescher Feierstonn begréissen.

De Projet gouf vun der Gemeng Beetebuerg  an Zesummenaarbecht mat der APEMH op de Wee bruecht an ass am Gemengerot vum 14. Dezember 2014

gestëmmt ginn. D‘Käschte belafen sech op ronn  4 400 000  Euro.

De Grondstee gouf offiziell de 4 Dezember 2015 geluecht.  Bei der Visite vun de neie Raimlechkeeten huet de verantwortlechen Architektebüro Witry & Witry déi néideg Explikatioune ginn.

An engem naturnoen  Ëmfeld  kënne bis zu 78 Kanner am Alter vun dräi Méint bis véier Joer betreit ginn.  25 Prozent vun dëse Plaze sinn fir Kanner mat spezielle Bedierfnesser virgesinn.

Kokopelli2

E grousse Merci dem Personal aus de bedeelegte  Firmen an aus dem Service Technique vun der Gemenge. Si hunn bis zum Schluss mat Héichdrock dorunner geschafft datt ab dem Méindeg 18. September déi éischt Kanner an der neier Struktur kënne betreit ginn.

Contact

Inauguration du service d’éducation et d’accueil inclusif