E Guru fir Do-Ping

Semaine: 24.11 – 30.11.2025
- Beetebuerger Theaterfrënn
- btf.lu
D’Beetebuerger Theaterfrënn presentéieren eng lëschteg Koméidie vum Andreas Wening, iwwersat vum Roby Zenner. D’Adaptatioun an d’Regie iwwerhuelen d’Monique Breisch an de Roland Gut.
D’Welt vum Gusty Pater, en Autosmecanicien mat Meeschterdiplom, schéngt an der Rei ze sinn: säi Betrib leeft gutt, seng Duechter Sandra ass säi ganze Stolz, an zwëschenduerch fënnt hien ëmmer nach Zäit, fir sech mat senger Fra Thérèse voller Genoss iwwer déi kleng a grouss Momenter vum Bestiednes ze streiden.
Mee op engem Samschdeg Moien gëtt säin idylleschen Alldag vun engem Moment op deen aneren komplett duerchernee gerëselt…
Op der Bühn stinn: Martine Berna, Sylvie Ewen, Roland Gut, Julie Kayser, Pascal Kieffer, Nathalie Kohl, Guy Langers, Alain Liltz, Jemp Mallinger, Roland Nerini, Anne-Marie Weins. Flüsterkëscht: Marie-Jeanne Kopp.
Oweskeess: 12€ | 8€, Kanner bis 12 Joer | Virverkaf vum 31. Oktober un: Optik Hoffmann Beetebuerg , 26 52 38 98.