Retour

Niklosmaart

Weihnachtsbeleuchtung
30.11.2024
Samedi
11:00 – 20:00

  • Organisatiounskommitee Niklosmaart, Gemeng Beetebuerg

Um Ufank vun der Adventszäit ass de Moment komm fir sech op déi feierlech Deeg anzestëmmen, an do ass de Niklosmaart zu Beetebuerg genau déi richteg Plaz.

Dëst Joer invitéiert d’Entente vum Organisatiounskommitee an Zesummenaarbecht mat der Gemeng vum 29. November bis den 1. Dezember an de schéine Kader vum Haff vum Beetebuerger Schlass op e puer geselleg Deeg fir ee gudde Glühwäin ze drénken oder Gromperekichelcher ze schmaachen. Dës weiderre ginn et nach vill aner Saachen ze entdecken op de sëllege Stänn ronderëm de Wantermaart. Niewent engem Chrëschtkaddo hutt Dir och d’Méiglechkeet ären Chrëschtbeemchen op der Plaz ze kafen an e gratis heem geliwwert ze kréien um Territoire vun der Gemeng.

Fir eis Kanner aus der Gemeng huet sech och de Kleeschen fir den 30. November an 1. Dezember am Festsall vum Schlass ugekënnegt. ( méi Infoen )

 

 

Libre accès

Administration communale

am Schlasshaff

Château de Bettembourg 13, rue du Château L-3217 Bettembourg