Nationale Commemoratiounsdag
- Gemeng Beetebuerg
De Schäfferot vun der Gemeng Beetebuerg huet d’Éier, Iech e Sonndeg, 13. Oktober 2024 op den nationale Commemoratiounsdag z’invitéieren.
Dëst Joer gedenke mir besonneg dem Resistenzler Ado Rinnen, deen den 10. August 1944 säi Liewe fir d’Fräiheet higinn huet.
Mir vergiessen net. Är Participatioun ass e wichtegt Zeeche vu Respekt an Unerkennung fir eis Affer vun Diktatur a Krich.
Programm
Opgrond vum Chantier vun der neier Bréck Hammerel ass den Oflaf vun de Feierlechkeeten dëst Joer adaptéiert ginn.
09.30 Auer | Nidderleeë vun enger Gerbe an der Gedenkkapell vun der Kierch Gedenkmass an der Kierch zu Beetebuerg
10.15 Auer | Cortège vun der Beetebuerger Kierch bis an d’Beetebuerger Schlass
10.30 Auer | Gedenkzeremonie am Beetebuerger Schlass
Réceptioun
Navette
D’Gemeng organiséiert fir all Interesséiert eng Busnavette vu Hunchereng op Beetebuerg an zréck .
09.00 Auer | Hunchereng Kierch > Beetebuerg Kierch
12.15 Auer | Beetebuerg Kierch > Hunchereng Kierch