Retour

*** AUSGEBUCHT **** Geschichten am BicherKueb | Wann ech dreemen …

AmBicherKueb_AdobeStock_Agenda
01.02.2025
Samedi
10:00 – 11:30

E flotte Moment zesumme mat Geschichten a Bicher verbréngen.

Komm bei eis laanscht a looss dech iwwerraschen. Natierlech gëtt et och ëmmer eppes ze frupsen an ze drénken.

Fräien Entrée | Obligatoresch Umeldung : Am BicherKueb dënschdes, donneschdes oder freides vu 15:00 – 18:00 Auer,  per Mail: info@freed-um-liesen.lu | Alter : 4+, a Begleedung vun engem Erwuessenen.

 

—– AUSGEBUCHT —– E Samschdeg, 1.2.2025. —– AUSGEBUCHT —–

Thema: „Wann ech dreemen … – Dram-Geschichten“.

Wat passéiert wann ech dreemen? Vu wat dreemen ech?…

Mir lauschteren Dram-Geschichten a bastelen en „Dram-Fänkert“.

 

E Samschdeg, 1.3.2025.

Thema „Wa lues a lues nees Faarf a Liewen an d’Natur kënnt”.

Mir lauschtere Geschichten, déi an dës schéin Zäit passen a kucke, wat sech dobaussen alles verännert. A gebastelt gëtt och nach.

 

E Samschdeg, 26.4.2025.

Thema: „Wéi aus enger Iddi e Buch entsteet“.

Mir entdecke, wat een alles muss maache, fir dass herno e fäerdegt Buch am Regal steet. Dono ka jidderee selwer säi klengt Buch molen, schreiwen oder bastelen.

Fräien Entrée

de BicherKueb

9, rue Vieille L-3284 Bettembourg