E Schaffdag am Bongert
08.11.2024
Vendredi
10:00 – 16:00
- natur&ëmwelt, ANF, Gemeng Beetebuerg
- 51 80 80 2848
- ecologie@bettembourg.lu
Op dësem Schaffdag kënnt Dir eng Hand mat upaken an eis hëllefen de gréisste Bongert vu Lëtzebuerg prett ze maachen fir de Wanter.
Grouss a kleng Aarbechte stinn um Programm:
- Beem planzen
- Dréit flécken
- Beem zréckschneiden
- Nistkëschte botzen
- A villes méi
Bréngt w.e.g. Händschen a Secateure (kleng a grouss) mat. Et ass och Geschier op der Plaz.
D’Gemeng Beetebuerg offréiert deene Leit e Mëttegiessen mat Dessert a Gedrénks, déi eis deen Dag eng Hand mat upaken.
Entrée bei der grousser Paart:
- Foussgängerbréck iwwert d’Autobunn (Waassertuerm, rue J.F. Kennedy) an dann hannert der Bréck no riets
- Parking beim Fussballsterrain (route de Mondorf), vun do aus ca. 200 m erop Richtung Fitnessparcours, op der Kräizung geet et no lénks.
D‘Umeldung ass obligatoresch: Telefon: 51 80 80 2848 oder per E-mail: ecologie@bettembourg.lu .
Fräien Entrée
Fräien Entrée
Bongert Altenhoven
Wasserturm-Bettemburg, Rue Jean Wolter, 3287 Beetebuerg, Luxembourg