Beschte Seniore-Quiz am Duerf
- Service à l'égalité des chances
De Club Aktiv+ deForum, an Zesummenaarbecht mam Service à l’égalité des chances an der Commission des seniors et de l’inclusion, invitéiert Iech op déi 3. Editioun vum Beschte Seniore-Quiz am Duerf.
An Ekippe bis zu 4 Leit kënnt Dir Äert Allgemengwëssen an ënnerschiddleche Rubricken ënner Beweis stellen – Spaass a spannend Momenter garantéiert an Är Ekipp kann e flotte Präis gewannen!
Keng Angscht: jidderee ka säin Deel bäidroen, fir dass d’Ekipp Erfolleg huet. Kommt mat – maacht mat – a gewannt mat!
Fir Gedrénks a kleng Schneekegkeete suerge mir natierlech och!
Quizzmaster: Alain Schilling.
Entrée Fräi | Umeldung bis den 19.10.: deforum@elisabeth.lu, 51 16 06 8001 | Barrierefräiheet.
Org. Service à l’égalité des chances, deForum, Commission des seniors et de l’inclusion.



