Hierkenowend + Cabaret mam Roll Gelhausen
- Croix-Rouge Beetebuerg
- 691 461 751
- ythomas@pt.lu
D’Croix-Rouge Beetebuerg invitéiert op en Owend mat Hierkeniessen a Cabaret mam Roll Gelhausen ënnert dem Motto ’t ass net ze gleewen.
Ab 18:30 Auer: Hierkeniessen
Et gëtt Hierken oder alternativ waarm oder kal Wirschtercher. De Choix w.e.g. beim Bezuelen uginn.
Ab 20 Auer: Cabaret mam Roll Gelhausen
D’Wourecht an Zäite vu Fake, Ligen a gefillte Wouerechten – dat ass den Ausgangspunkt vum Kabarettsprogramm vum Roll Gelhausen.
Mat senger bekannter spatz Fieder kuckt hien op eng Zäit voller Gaffen a Watgelift Amenter. Eng Mëschung aus Humor, Virwëtz a Polemik iwwer d’Wourecht, d’Ligen an d’Verstellungen, déi eis am Alldag begéinen.
Ouni Iessen: 20€ | Mat Iessen: 45€ | Reservatioun: 691 461 751, ythomas@pt.lu | BGL LU19 0030 5753 6794 0000, Croix-Rouge Bettembourg | Barrierefräiheet.




