Retour

Mikrobiom – wéi beaflosst dës onsiichtbar Welt eis Gesondheet?

Mikrobiom_AdobeStock_Agenda
04.03.2025
Mardi
19:00

Eng Konferenz mam Prof. Paul Wilmes, Luxembourg Centre for Systems Biomedicine vun der Universitéit Lëtzebuerg.

Fräien Entrée | Umeldung: inscription@bettembourg.lu | 51 80 80 2899

Souwuel bannend wéi baussend eisem Kierper lieft eng riseg Varietéit vu Mikroorganismen, déi kollektiv als Mikrobiom bezeechent ginn. Et handelt sech ëm Bakterien, Pilzen, Viren an aner Mikroben. Si spillen eng wesentlech Roll bei der Verdauung, der Entwécklung vum Immunsystem an der Gesondheet am Allgemengen. An de leschte Joren ass besonnesch den Darmmikrobiom mat ville Krankheeten associéiert ginn, vun Diabetes bis Autismus, vu Kriibs bis Neurodegeneratioun.

A sengem Virtrag gëtt de Prof. Paul Wilmes en Iwwerbléck iwwer de mënschleche Mikrobiom a seng Roll, wéi et am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine vun der Universitéit Lëtzebuerg studéiert gëtt a wéi en Afloss op d’Gesondheet a Krankheeten kann hunn.

 

Fräien Entrée

KulTourhaus

8, rue de l’École L-3341 Huncherange