Reegelen a Grenzen am Alldag mat eise Kanner
- Elteregrupp Sonneschoul
- elteregruppsonneschoul@gmail.com
Reegelen a Grenzen am Alldag mat eise Kanner.
Iwwerall a vu Klengem un, begéine mir Reegelen. An eisem Alldag an am Zesummeliewe mat eise Kanner ginn et vill Situatiounen, an deene mir iwwert eis eege Grenzen an déi vum Kand nodenke mussen. „Dierf ech Grenze setzen?“ „Muss ech fir alles Reegelen opstellen?“ „Geet dat net ze wäit?“ „Brauche Kanner net e grousse Fräiraum?“ Wéi soll een et mat de Konsequenze maachen? A wat maachen, wann et net funktionéiert?
Dës Aktivitéit riicht sech u jiddereen deen un engem Austausch iwwert Reegelen a Grenzen interesséiert ass.
Règles et limites dans la vie quotidienne avec nos enfants.
Partout et dès notre plus jeune âge, nous sommes confrontés à des règles. Au quotidien, tout comme dans la vie avec nos enfants, il y a de nombreuses situations dans lesquelles nous devons réfléchir à nos propres limites et à celles de nos enfants. « Faut-il fixer des limites ? » « Dois-je tout réglementer ? » « Est-ce que cela ne va pas trop loin ? » « Les enfants n’ont-ils pas besoin d’un grand espace de liberté ? » « Quelles sont les conséquences possibles ? » « Et si tout ça ne fonctionne pas que faire ? »
Cette activité s’adresse à toute personne intéressée par un échange sur les règles et les limites.
La conférence est en langue luxembourgeoise, avec possibilité de traduction (sur demande).