Retour

E Schaffdag am Bongert

AdobeStock_Agenda-20-Schaffdag
30.10.2026
Vendredi
10:00 – 16:00

Hëlleft mat am gréisste Bongert vu Lëtzebuerg!

Mir maachen de Bongert prett fir de Wanter – an dofir ziele mir op Är  Ënnerstëtzung! Et gëtt vill ze dinn, vu klenge bis groussen Aarbechten:
• Beem planzen
• Dréit flécken
• Beem zréckschneiden
• Nistkëschte botzen
• … a villes méi!

Bréngt w.e.g. Är Gaardenhändschen a Secateure mat. Et kann och Material op der Plaz ausgeléint ginn.

D’Gemeng Beetebuerg offréiert deene Leit, déi eis deen Dag eng Hand mat upaken, e Mëttegiessen mat Dessert a Gedrénks.

Entrée bei der grousser Paart.

Accès:
De Parking ass beim Fussballsterrain (route de Mondorf). Vun do aus geet et ca. 200 m erop laanscht d’Autobunn a Richtung Fitnessparcours an op der Ofgabelung geet et no lénks. De Wee ass gezeechent.

Entrée bei der Muppebréck iwwer d’Autobunn (Waassertuerm, rue J.F. Kennedy).

Obligatoresch Umeldung: 51 80 80 2848, ecologie@bettembourg.lu | Fräien Entrée.

Organisateur: Service écologie, ANF, natur&ëmwelt.

Fräien Entrée

Bongert Altenhoven