De Kolrabiapostel

Semaine: 12.06 – 18.06.2023
D’ Beetebuerger Theaterfrënn a.s.b.l. spillen en 2-Akter vum Erfried Smija, op lëtzebuergesch iwwersat vum Monique Breisch De Kolrabiapostel zerwéiert mat enger Hameschmier.
- 19 Auer Apéro & Hameschmier
- 20 Auer Riddo
Et spillen Elisa Glaesener, Guy Langers, Alain Liltz, Nathalie Kohl, Jemp Mallinger, Joëlle Muller, Roland Nerini Regie Monique Breisch, Julie Kayser a Marie-Jeanne Kopp
Dem Max Haller säi Liewensinhalt besteet aus guddem Iessen, Drénken a Fëmmen. Säi Bauch gëtt ëmmer méi deck a seng Fra d’ Thérèse mécht sech immens vill Suergen. Am Géigesaz dozou ass säi fréieren Aarbechtskolleeg Jupp e Geméisfanatiker an Antialkoholiker. Thérèse mengt hire Mann op Regime missten ze setzen, fir seng Gesondheet ze schützen, a setzt de Kolrabiapostel op hien un. Dat ass mi schwéier wéi geduecht an et kënnt zu esou munch komescher Situatioun. Wann Dir wësse wëllt, wat d‘ Tatta Betty, en Autosaccident an eng Orgie dermat ze dinn hunn, da kommt Iech eist Stéck ukucken.
Virverkaf ab den 25. Mee
tëscht 19.00 Auer an 21.00 Auer. Um Telefon kritt Dir di feelend 4 Zifferen vun der Kontosnummer matgedeelt. Är Iwwerweisung gëllt als definitiv Umeldung. BCEE LU60 0019 XXXX 1265 4000.