Berlin – The End – Erop

18 avril 2021 17:00 - 19:00

Lieu:
13 rue du Château, L-3217 BETTEMBOURG

Categorie:

Eng Novell an zwee Theaterstécker: en Owend mam Auteur Romain Butti

De Romain Butti, Joergang 1989, huet däitsch an englesch Literaturwëssenschaften zu Freiburg (D) studéiert, éier hien zu Berlin als Social-Media-Manager geschafft huet. No sengem Openthalt an der däitscher Metropol huet hien eng Zäit an Neiséiland gelieft, wou virun allem déi oppe Mentalitéit an déi vast Natur en déif beandrockt hunn. Dës Andréck verschafft den Auteur a senger Novell „Ein Jahr in Berlin”, déi 2019 bei Kremart Edition an der Kanephora-Rei verëffentlecht gouf.

„Fir wann ech net méi kann“ ass dem Auteur säin éischt Theaterstéck, fir dat hien 2018 den 1. Präis beim Nationale Literaturconcours krut. Et koum 2020 bei Kremart Edition an der Serie Timba eraus – e Stéck mat poeetesche Biller an enger intensiver Atmosphär ronderëm en Haaptpersonnage, deen an enger déiwer, perséinlecher Kris stécht. DʼStéck ass och dʼBasis vum Projet „The End My Friend“, deen am Mäerz 2021 online ze gesi war mat Philippe Meyrer, Konstantin Rommelfangen an Annette Schlechter, ënnert der Regie vum Ronald Dofing a mat Musek vum Bartleby Delicate.

Am Kader vum Projet „Connection“ vum Kinneksbond Mamer an de Stater Theateren ass 2020 ënnert der Regie vum Fabio Godinho dem Romain Butti säi Monolog „Erop“ opgefouert ginn.

Moderatioun: Valerija Berdi (Radio 100komma7)


Obligatoresch Umeldung: www.literatour.lu

Fräien Entrée

Beetebuerger Schlass
13, rue du Château, L-3217

———————————
Toutes les activités se déroulent dans le respect des mesures actuelles instaurées dans le cadre de la pandémie de Covid-19.
———————————
Dans le cadre de cet évènement public, la commune de Bettembourg pourrait réaliser des photos/vidéos et les publier dans un but de promotion de son image et de ses activités.
En participant à cet évènement, j’autorise la commune à publier les photos sur lesquelles je serai identifié, sur des supports informatiques et papiers. De plus amples informations peuvent être trouvées dans la déclaration sur la protection des données privées https://bettembourg.lu/politique-de-confidentialite / Personne de contact : dpo@bettembourg.lu