« Fréier wor alles – » vun a mam Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti

23 octobre 2021 20:00

Lieu:
,

Categorie:

Beetebuerger Schlass | 13, rue du château L-3217 Bettembourg


eng satiresch Chronik vun de 6oer Jore bis haut
vun a mam Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti

An dësem satiresche Programm, dee bis elo eelef mol mat groussem Publikumserfolleg opgefouert gouf (Ufank 2020, an nees am November 2020 /Januar 2021), kucken déi zwee Artisten op eng virdigital Zäit zréck.
No den zwee politesche Joresréckblécker ‘Sorry fir den Duercherneen’ (2017) a ‘Märd alors!!!’ (2019), ass dës nei kabarettistesch Liesung e witzegen, ofwiesslungsräichen zäithistoresche Réckbléck vun de 60er Jore bis haut. Vum Analoge bis zum Digitalen: Vum Schlappekino bis zum Netflix, vum Haustelefon bis zum iPhone, vun der Musekcassette bis zum Streaming, vum Thé Dansant bis zur Technoparty, vum Homo erectus bis zum Smombie.Vu Bonanza bis zum Game of Thrones.

Humor, Ironie a Wuertwitz verbanne sech mat enger Dosis Nostalgie. Vergaangenes gëtt awer net nëmme just opgewiermt, mee kritesch hannerfrot a mat Aktuellem opgekacht. Dës Zäitrees ass generatiouneniwwergräifend a jidderee ka sech op seng Manéier dran erëmerkennen. Et ass en Hin an Hier tëscht ‘Annodazumal’ an dem Zäitgeescht vun haut.

De Jhemp Hoscheit trëtt am Rollespill mam Museker a Gittarist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat de passende Songen an Oldies fir déi zousätzlech musikalesch Ambiance suergt.


D’Entrée ass fräi, et gëtt opgehuewen zu Gonschte vu Beetebuerg Hëlleft asbl.

Reservatioun ënnert rp@bettembourg.lu


Dëst ass e Covidcheck Event.

Et ginn ugeholl:

  • e gültegen Impf- oder Geheelt-Zertificat,
  • negative PCR-Test vu manner ewéi 72 Stonnen oder en negativen,
  • zertifiéierten Antigen-Test vu manner wéi 48 Stonnen.

Et gi keng Schnelltester op der Plaz duerchgefouert.