En ausgetrëppelte Schong

22 avril 2021 20:00 - 30 mai 2021 19:30

Toutes les dates:
22 avril 2021 20:00
19 mai 2021 20:00
20 mai 2021 20:00
22 mai 2021 20:00
28 mai 2021 20:00
29 mai 2021 20:00
30 mai 2021 17:30

Organisé par: Kaleidoskop Theater

Lieu:
13 rue du Château, L-3217 BETTEMBOURG

Categorie:

Contact Telephonique: +352 621 593 619

Contact Email: ticket@kaleidoskop.lu

En ausgetrëppelte Schong
vum Jean-Paul Maes (Uropféierung)

mam Nora Koenig a Marc Baum
Regie: Fabio Godinho

den 22.4. – 19.5. – 20.5. – 22.5. – 28.5. – 29.5. jeweils um 20h
den 30.5. um 17:30h

D’Valérie an den Thierry woren mat hierer Duechter vu siechzéng Joer an der Vakanz an engem nordafrikanesche Land, all inclusive, et wor flott, immens, leider net laang genuch. Erëm doheem fällt en ausgetrëppelten Damme- schong aus dem Thierry sénger Valise, och nach grad just dem Valérie an d’Gräpp. Eng Explikatioun, wou deen hier- komme kann, huet den Thierry net. Lues a lues verblatzen déi schéin Vakanzenimpressiounen an, am Fong ausgeléist duerch dëse Schong, ginn déi al Fronten tëschend der Koppel nees opgestallt, Haass, deen am Laf vun de Joeren gewues ass, beemt séch nees op an ee Lijenteppech, deen zënter Joeren deem Stot do ënnerläit, weist séch erëm no an no.
Um Enn fënnt d’Valérie dann awer eraus, datt hiert Meed- chen Anne dem Papp dee Schong, deen hatt vun engem Garçon am Hotel krutt, an d’Valisse gestach huet. An der Suel vum Schong si Soue verstoppt, fir europäesch Verhältnisser net vill. D’Anne behaapt esou Schong géingen zesumme mat Läiche vu Refugien all Nuecht vum Mier ugeschwemmt ginn, awer ganz fréi, ier d’Touristen an den Hoteler opsinn, ewech bruecht ginn. Dat kann a wëll den Thierry net gleewen.
No der Summervakanz steet d’Skivakanz um Programm an no däer ass op eng Kéier d’Corona-Kris do, wéinst däer d’Päischtcroisière dat Joer ausfällt. Nees si si doheem a nees schwetze si an hiere Lap-Top hier Impressiounen och aus där Vakanz, déi, wéi net anescht ze erwaarden, wonnerbar wor. De Schong gouf vergiess, ass awer net fort. An elo, wou ee net méi ouni Mask erausgoë kann, leeft eng friem Fra duerch d’Gaassen, wéi wa si eppes géing sichen. Vläicht de Schong? De Jean-Paul Maes dreift d’Dialogen op d’Spëtz fir dann mat enger witzeger Pointe den Drock ofzeloossen. Esou ass een et vun him aus séngen anere Stéicker jo och scho gewinnt.
De Jean-Paul Maes gehéiert mat e.a. dem Guy Rewenig an dem Nico Helminger zu däer Dramatikergeneratioun, déi ganz no un hiere Figure sinn, si an extrem Situatoune gehei- en an, et huet een d’Impressioun, selwer gespaant sinn, wéi si do erëm eraukommen. Theater aus dem Bauch.