De klenge Buet | Op der Sich no der Maus Betty hirem Liblingsbuch

Gitt op d’Sich nom Maus Betty sengem Liblingsbuch. E flott Spill fir d’Kanner an hir Elteren

DEEL 3

Du hues gutt Aarbecht geleescht! Duerch dech huet d’Maus Betty och d’Spillplaz zu Näerzeng erëmfonnt! Super! D’Maus Betty ass dann och direkt dohi gefuer, fir ze kucken, ob hiert d’Buch géing do leien. Ma schonn ënnerwee, wéi sech den Himmel lues zougezunn hat, hat se en ongutt Gefill. An dat sollt sech bestätegen! D’Buch war net do. Ma e richtegen Detektiv gëtt net op!

Dat Gutt ass, dass et der Maus Betty lues a lues méi liicht fält, sech drun ze erënneren, wou se iwwerall mat hirem Liblingsbuch war. Si weess nach, dass si zimmlech midd war, nodeems si sech op der Spillplaz ausgetoobt huet. Dowéinst ass si mam Vëlo duerch d’Géigend gefuer, fir eng gemittlech Plaz ze sichen an do e bëssen zur Rou ze kommen. „Fenneng“ huet si op engem Uertschaftsschëld gelies a kuerz drop sinn hir beim Ubléck vum Kierfecht d’Schudderen ausgaangen. Ma wat entdeckt si do, direkt donieft: eng kleng Kapell! Déi koum dach wéi geruff, fir ee Moment d’Aen zouzemaachen an a sech ze goen! D’Maus Betty huet gären déi besonnesch Atmosphär a Kierchen a Kapellen.

Leider huet eis Maus Betty kee gudden Orientéierungssënn. Si wollt nach eemol zeréckfueren an d’Kapell, fir no hirem Buch ze sichen, huet se awer net méi fonnt. Dat heescht fir dech: Du muss hir nach eemol hëllefen. A wéi? Natierlech nees mat engem Selfie virun dëser Kapell un rp@bettembourg.lu bis den 25.7.2021.

DEEL 2

D’Maus Betty seet dir e grousse Merci! Du hues hir gehollef, eng vun de Plazen erëmzefannen, wou si mat hirem Liblingsbuch ënnerwee war: d’Eechel-Monument am Park, genannt Liberty-Tree (dat ass Englesch an heescht Fräiheetsbam).

Lo hu mer eng gutt an eng schlecht Noriicht fir dech. Wéi eng wëlls du fir d’éischt héieren? Déi schlecht? Majo: D’Buch war net do. Et louch weeder an der Wiss, nach um Pad. D’Maus Betty ass souguer op e Bam eropgeklommen, fir do ze kucken: näischt. Déi gutt Noriicht: D’Sich geet virun. Well et mécht jo och Spaass, Detektiv ze spillen, oder?

Wéi d’Maus Betty um Bam souz an traureg wäit eraus an d’Landschaft gekuckt huet, ass hir op eemol nees agefall, dass si jo och deen Dag geklotert war, wéi se hiert Buch verluer hat. Net op e Bam nee, mee op e Gerüst op der Spillplaz.

Dës Spillplaz ass awer net zu Beetebuerg, si ass zu Näerzeng. Wou genee, dat weess d’Maus Betty net méi. Just, dass et an engem Schoulhaff war, niewent dem Fussballsterrain. Kanns du hir vläicht nach eemol hëllefen? Da schéck bis den 28.6.2021 e Selfie vun dir op dëser Spillplaz un rp@bettembourg.lu Wéi déi leschte Kéier wäerts du ganz geschwë gewuer ginn, ob d’Maus Betty hiert Buch hei erëmfonnt huet. An nach ëmmer gëllt: Um Enn kritt all Detektiv natierlech seng verdéngte Belounung.

 


DEEL 1 (Buet 113)

D’Maus Betty war leschte Mount um LiteraTour-Festival hei zu Beetebuerg an huet sech do um Stand vum Bicher-Kueb e Buch kaf. Dat ass du prompt zu hirem neie Liblingsbuch ginn! Si huet et iwwerall hi matgeholl. Enges Owes wollt se et aus dem Kierfche vun hirem Vëlo huelen an du krut se e Schreck: Et louch net méi dran!

Grad deen Dag war d’Maus Betty op villen ënnerschiddleche Plazen ënnerwee a si ka sech net méi genee erënneren, wou si iwwerall war. Dofir brauch si elo deng Hëllef, fir ze wëssen, wou se iwwerall kéint sichen! Si weess nach, dass si fir d’éischt op enger Wiss war, nieft enger Bänk, a ronderëm ware lauter Beem. Si huet sech do op de Buedem widdert eng riseg grouss Eechel gesat, fir ze liesen.

Du weess, wou déi Eechel genee läit?

Da géi op dës Plaz an maach fir d’Maus Betty e Selfie. Dee Selfie kanns du da bis den 08.06.21 un rp@bettembourg.lu schécken.

E Méinden den 14. Juni  wärt d’Maus Betty dann um Internetsite www.bettembourg.lu matdeelen, ob si hiert d’Buch do fonnt huet, a wann net, wou se nach kéint gewiescht ze sinn. Um Enn kriss du natierlech och e klenge Finderlohn!