LiteraTour vum 18.-30. Abrëll 2021

2020 hu mer de LiteraTour matzen am Corona-Confinement missen ofsoen. Mir sinn all doheem bliwwen. Mat enger klenger Sonndes-Visio-LiteraTour-Show hu mer just konnten e klenge Moment vu Mateneen op Distanz liewen. Zanter deem hu mer eis dacks iwwer dëse Wee „versammelt“.
Mee ville vun eis feelt de Mateneen an dat zesummen eppes erliewen. Mir wëllen dem LiteraTour 2021 eng Chance ginn an hunn e klengen awer ofwiesslungsräichen Programm opgestallt.

De Virdeel vum LiteraTour ass natierlech, datt Liesungen a Virstellungen ouni ze vill Opwand „Coronakonform“ z’organiséieren sinn.

Mir invitéieren Iech mat op den Tour ze goen a freeën eis elo schonn op de LiteraTour vum nächste Joer, deen am Zeechen vum Kulturjoer Esch2022 wäert stoen.


Au printemps la lecture, les livres et le jeu des mots s’invitent à Bettembourg. Le LiteraTour nous permet de découvrir la richesse de nos langues, de rencontrer les auteurs et de profiter de moments de convivialité.


Have a literary springbreak with your friends an neighbours. The Bettembourg LiteraTour offers a fantastic moment to live an and enjoy our diversity.

Documents