Regionalversammlung zum séieren Tram a sengem multimodaleKontext mam Minister François Bausch

De Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an de Schäfferéit vun de Gemengen invitéieren d’Bierger an all concernéiert Akteuren, op ëffentlech Versammlungen iwwer de séieren Tram a säi multimodale Kontext tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Süden.

Programm:

  • Virstellung vun der Planifikatioun vum Tram

  • Oppen Diskussioun

Den Entrée ass fräi. Eng Iwwersetzung op Franséisch ass virgesinn.

D’Versammlunge sinn a folgende Gemengen, um 19.00 Auer:

  • Dënschdes, de 27. Oktober 2020 an der Maison du Savoir (groussen Auditoire) vun der Uni Belval (120 Sëtzplazen)

  • Méindes, den 9. November 2020 am Sall Artikuss zu Suessem (84 Sëtzplazen)

  • Donneschdes, den 12. November 2020 am Centre culturel «An der Eech» zu Leideleng (100 Sëtzplazen)

  • Méindes, de 16. November 2020 am Centre culturel «Arthur Thinnes» zu Monnerech (100 Sëtzplazen)

Tout rassemblement de personnes mettant en présence de manière simultanée plus de dix personnes est soumis à la condition que les personnes se voient assigner des places assises en observant une distance minimale de deux mètres. Le port du masque est également obligatoire à tout moment pour le personnel encadrant et pour les participants lorsqu’ils ne sont pas assis.

Les places sont donc limitées. Les inscriptions sont obligatoires et peuvent se faire sur le portail du ministère www.transports.lu. L’accès sera refusé à toute personne non enregistrée.

Documents