Commemoratiounsdag | Sonndeg, den 11. Oktober 2020

Déi sanitär Krise huet eis verflicht de Programm vun de Feierlechkeeten unzepassen.

Dëst Joer ass keng Zeremonie zu Hunchereng, de Schäfferot léisst awer Gerben beim Monument nidderleeën.
Wëllt Dir e Sonndeg, 11. Oktober um Commemoratiounsdag dobäi sinn fir zesummen eisen Affer vu Krich an Diktatur ze gedenken ?

Da mellt Iech w.e.g. bis den 6. Oktober iwwer Telefon respektiv Mail un a präziséiert op Dir vun der Navette wëllt profitéieren.
T 51 80 80 2899 | M rp@bettembourg.lu

Programm vun de Feierlechkeeten

9.30 Auer: Gedenkmass an der Kierch zu Beetebuerg

– Nidderleeë vun enger Gerbe an der Gedenkkapell vun der Kierch

– Mass zu Éiere vun all eise Krichsaffer

Mir proposéieren eng Navette vun der Kiercheplaz an de Park Jacquinot.

10.30 AuerGedenkzeremonie beim Monument aux Morts am Park Jacquinot

– Ufänke vun der Flam

– Ried vum Buergermeeschter

– Nidderleeë vun Gerben

– Sonnerie an Heemecht

De Schäfferot

Laurent ZEIMET – Buergermeeschter
Josée LORSCHÉ – 1.Schäffin, Christine DOERNER – Schäffin, Gusty GRAAS – Schäffen