Beetebuerg Life Novembre-Décembre 2019

De Wanter annoncéiert sech an domat och d’Feierdeeg vum Enn vum Joer. Eis Veräiner suergen mat Concerten, Theater a Bazaren fir déi néideg Stëmmung.

Pünktlech fir den 1. Advent invitéiere mer op de Wantermaart bei der Sportshal an den 30. November freeë mer eis besonnesch op de Besuch vum Kleeschen an eiser Gemeng.

Mat der Expo LIT meets ART an der Galerie vum Schlass vum 14.-17. November (Vernissage 14/11 19 Auer) kënnegt sech och schon eise LiteraTour-Festival 2020 un.