SecuriDays 2017

24 septembre 2017 11:00

Organisé par : Cibett
Lieu : Cibett

Nom Erfolleg vun de Joren 2013 an 2015 organiséiert den Asazzenter Beetebuerg déi 3. Editioun vun de SecuriDays! Sonndes den 24. September dréint sech zu Beetebuerg alles ronderëm d’Beräicher Präventioun, Éischt Hëllef a Rettungsdéngscht! Spektakulär Demonstratiounen, Ateliere fir Grouss a Kleng, eng Ausstellung vu Rettungsgefierer souwéi Informatiounsstänn ginn Iech en Abléck an d’Welt vum Rettungsdéngscht!

Fir Iessen a Gedrénks ass selbstverständlech och gesuergt!

Samschdes fënnt iwwerdeems de CIBETT Pompjeesbal statt – Den Entrée ass Gratis, also net verpassen!