«Märd alors!!!» Eng bësseg Chronik

30 janvier 2019 20:00

Organisé par : Commune
Lieu : Château de Bettembourg

2018 ënner d’satiresch Lupp geholl
Text Jhemp Hoscheit
Mam Jules Arpetti a Jhemp Hoscheit

GRATIS Entrée

Nom „Sorry fir deen Duercherneen“ an e satiresche Réckbléck op d’Joer 2016, ginn déi zwee Artisten nees 2019 op Tournée mam neie satiresche Réckbléck op d’Joer 2018, ënnert dem Titel: „Märd alors!!!“.

Et ass eng ofwiesslungsräich kabarettistesch Liesung iwwert dat, wat 2018 geschitt ass. Dat vergaangent Joer gëtt ënner d’satiresch Lupp geholl.

Den Auteur Jhemp Hoscheit huet eng bësseg Chronik geschriwwen an déi national an international Aktualitéit gëtt mat Humor an Ironie, kritesch a wuertwitzeg ënner d’Lupp geholl, an hien trëtt am Wiesselspill an am Dialog mam Museker a Gitarrist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat Politsongen fir déi zousätzlech musikalesch Pointë suergt.