De Renert

26 avril 2017 20:00

Organisé par : Kaleidoskop
Lieu : Beetebuerger Schlass

„Et wor esou ëmt dʼPäischten – ʼt stung alles an der Bléi“, esou geet dem Michel Rodange säin an der 2. Halschent vum 19. Johrhonnert geschriwweene RENERT un, dat bekanntste Wierk aus der Lëtzebuerger Literatur, wat déi deemoleg Zoustänn schaarf analyséiert.

Geännert huet sech leider … näischt. Eis Gesellschaft ass weiderhin „ë Saak voll Kriipsen“, wou déi iewescht, déi ënnescht erdréicken.

DʼEva Paulin inszenéiert fir den 140. Doudesdag vum Michel Rodange de RENERT, dee scho virun 4 Joer mat vill Succès vum KALEIDOSKOP produzéiert gouf, mat där selwechter Bestzung, nei, speziell fir dʼBühn vum Beetebuerger Schlass konzipéiert.

Reservatioun T: 621 593 619 ticket@kaleidoskop.lu