Cinéma: Rusty boys

29 septembre 2017 15:00

Organisé par : Commission de la cohésion sociale / Résidence "an de wisen"
Lieu : Festsall “an de wisen”

D’Résidence pour personnes agées “an de wisen” invitéiert op eng Filmvirféierung. Ëm wat geet et am Film? Véier eeler Hären hunn es genuch, sech vun anere soen ze loossen, wat dat bescht fir si wier, an décidéieren, eng autonom Wunngemeinschaft ze grënnen.

Rusty Boys ass e lëtzebuergesche Spill Film vum Andy Bausch, deen de 25. Januar 2017 an de Kinoen erauskoum.