(action natur) Schaffdag am Bongert

17 novembre 2018 10:00 - 16:00

Organisé par : Serivce écologique, natur&ëmwelt, anf
Lieu : Bongert Altenhoven / Bettembourg

Erliefnis- a Schaffdag fir Grouss a Kleng.

De Bongert gëtt prett fir de Wanter gemaach: Grouss a kleng Aarbechten stinn um Programm: Beem pflanzen, Dréit flécken, Beem zeréckschneiden, Nistkëschte botzen a villes méi.

Bréngt w.e.g. Händschen a Secateure (kleng a grouss) mat. Et ass och Geschir op der Plaz. D’Gemeng Beetebuerg offréiert deene Leit e Mëttegiessen (Zopp, Dessert a Gedrénks), déi eis deen Dag eng Hand mat upaken.

Entrée bei der Foussgängerbréck iwwert d’Autobunn (Waassertuerm, rue J.F. Kennedy)
Parking beim Fussballsterrain (route de Mondorf), vun do aus ca. 200 m de Schëlder nogoen
Info 51 80 80 247/248