Den Télévie an eiser Gemeng

Samschdes, den 21. Abrëll 2018 mobiliséiert sech ganz Lëtzebuerg erëm fir den Télévie an d’Gemeng Beetebuerg ass deen Dag en Télévie-Zenter.

Den Télévie ass 1989 an der Belsch lancéiert gi fir d’Recherche géint de Kriibs a speziell d’Leukemie virun ze bréngen.

Zënter 2002 engagéieren sech och zu Lëtzebuerg all Joers Dausende vu Leit fir den Télévie. an zanterhier konnten hei am Land iwwer 16 Milliounen Euro an d’Kriibsfuerschung investéiert ginn.

Den Organisatiounscomité vum Centre de promesses Beetebuerg invitéiert jiddereen fir sech solidaresch ze weisen a sech um Télévie ze bedeelegen.

Bis den 21. Abrëll 2018 an och nach dono huet all Veräin, Commerce  a Privatpersoun d’ Méiglechkeet eng Manifestatioun fir de gudden Zweck ze organiséieren, wou een Deel vum Erléis un den Télévie geet. Dir kënnt awer och en Don maachen, Gadgete verkafen oder einfach eng Béchs fir den Télévie opstellen.

Mir sinn awer och den 21. Abrëll op är Hëllef ugewisen. Well Dir als Benevole mathëllefen?
Da mellt Iech um 51 80 80 899 oder iwwer mail: televie@bettembourg.lu

D’Aktioun Télévie lieft duerch Ären onermiddlechen Asaz, an dofir si mir och 2018 op Iech ugewisen!

Zesumme géint de Kriibs! Hëlleft der Kriibsfuerschung!

fir den Organisatiounscomité vum Centre de promesses Beetebuerg

Alain GILLET, President

Jos THINES, Sekretär

Weider Infoen :

www.facebook.com/bettembourg

www.televie.lu


Well Dir en Don maachen ?

IBAN: LU59 0019 5155 3684 7000
BIC: BCEELULL
Beneficiaire: Organisatiounscomité Centre de promesses Beetebuerg
Stéchwuert: Don Télévie