Anthologie „Prix Laurence – D’Laureaten 2015/2016″

Prix Laurence – D’Laureaten 2015/2016

Am Abrëll 2017 huet d’Gemeng Beetebuerg déi éischt Anthologie „Prix Laurence – D’Laureaten 2015/2016“ virgestalt.

Domat hunn d’Gewënner vum Prix Laurence déi grouss Chance hir Texter a gedréckter Form kënnen ze presentéieren.

All déi aner halen eng Sammlung vu jonker Literatur an hiren Hänn, geschriwwe vu jonken Auteuren, dacks inspiréiert vun der Aktualitéit.

Dës Texter – esou ewéi all d’Texter déi am Cader vum Concours erakommen – kënnt Dir op www.prixlaurence.lu liesen.